|
Begegnung der Jugendlichen mit dem Papst in Echternach am 16. Mai 1985 Als Fest der Freude wurde die Begegnung zwischen Johannes Paul II. und den Jugendlichen in Echternach am 16. Mai 1985 beschrieben. Die Jugendlichen wollten dem Papst
VERTRAUEN WAGEN "Léiwe Brudder a Christus, Bëschof vu Roum! Mir si jonk an idealistesch, mir si bereet ze vertrauen: Et kann ee
verantwortungsvoll mat Gottes Schöpfung ëmgoen; Gléck,
Solidaritéit, Fridden a Fräiheet si méiglech. "SOLIDARITÉIT HEIHEEM" 1. Persoun: 2. Persoun: 3. Persoun: 4. Persoun: Kouer: "Solidaritéit ... en eidelt Wuert!" 5. Persoun: "Wa mer rücksichtslos am Stroosseverkéier eis d'Virfahrt erzwéngen oder op onverantwortlech Manéier onschëllegt Liewen a Gefor bréngen? Wann an eise Schoulen a Schmelze - grad a Krisenzäiten - den erbarmungslose Kampf ëm d'Plaz Kollegen zu Géigner mécht. Kouer: "Solidaritéit ... en eidelt Wuert!" 6. Persoun: Kouer: "Solidaritéit ... liewen!" 7. Persoun: "Mat den Alen a Kranken, mat de Friemen an de Minoritéiten, mat denen, déi anescht denken, an denen, déi ëm hir Aarbecht baangen, a mat all denen, déi sech asetze fir méi eng mënschlech Gesellschaft. " Kouer: "Solidaritéit ... liewen!" 8. Persoun: "Dësen Dag soll fir eis een neie Start sin zu méi Solidaritéit och an a mat der Gemeinschaft vun all denen, déi op den Numm vu Christus gedeeft goufen, solidaresch och an a mat der Kiirch!" "SOLIDARITÉIT IWWER D'GRENZEN ERAUS" A: "Faire ensemble un monde nouveau. B: "Mir hu vun Ufank u matgebaut un engem neien Europa. Mir stin zu deem Europa! Mir froen eis allerdings: As dat Sichen no europaescher Eenheet a Solidaritéit nët zevill vu Wirtschaft a Finanze gezeechent? Gin och déi geeschteg a reliéis Waerter mat agebaut, déi den eigentleche Räichtum an d'Séil vun eiser europäescher Kultur ausmaachen? Mir hoffen och, datt an Europa nach Barrièren a Mauere falen an datt ganz Europa en neie Fridde fënt, an deemall Europaer Bridder gi kënnen." C: "Solidaritéit liewe wëlle mir iwwer Europa eraus mat anere Kulturen a Rassen. Als jonk Krëschte wëlle mir eis asetzen, datt eis Kiirch och an der Zukunft eng missionaresch Kiirch bleift, déi bei hirem missionareschen Engagement nët nëmme schenkt a gët, ma och eng Beräicherung fënt. Duurch eisen Asaatz an der Entwécklungshëllef wëlle mir wéi an der Vergaangenheet och weider matbauen un enger méi gerechter Welt. Dës eis Bereetschaft wollte mir grad bei Äerem Besuch konkret ausdrécken. D'ganz (Lëtzebuerger) Jugend huet matgebaut un enger Aktioun, bei daer mir Äer Mathëllef brauchen!" Übergabe eines Schecks der Aktioun ABC in Höhe von 2,4 Millionen
Franken (59.500 €) zugunsten der Slumsbewohner von Nairobi in Kenia.
FREIHEIT SUCHEN "Nach ni hat eng Generatioun an Europa materiell esou vill Méiglechkeeten wéi haut. Trotzdeem bleift ais d'Zukunft oft verbaut. Wa mer eng Aarbecht fannen, as et nach glat nët esou sécher, dass et déi as, déi mer äis gewënscht hun. Nach ni goufen enger Generatioun esou vill verschidde Weer zum Gléck ugebueden ewéi äis haut. Trotzdeem hu mer hei zu Lëtzebuerg ee Selbstmordversuch pro Dag, weil nach ni ware mer der Manipulatioun an der Onsécherheet esou ausgesat. Munech Jugendlech, och wann se nët méi an d'Kiirch gin, gesin nach e Sënn an engem krëschtlechen an engagéierte Liewen. An der Kiirch, der Gemeinschaft vun de Krëschten, proposéiert Jesus Christus ais e Wee, deen ais elo schon zur Fraiheet féiert. Leider schéngen ons awer déi erwuesse Krëschten oft
nët méi fräi wéi déi aner Leit. Wa munech
Krëschte méi echt, fredeg, flexibel a méi engagéiert
wären, kënnte mer äis méi liicht fir de Wee mat
Jesus Christus entscheden. Mir wënschen äis méi Fraiheet an de liturgesche Formen
a méi Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra. Mir froen
eis: Firwat kann de Geeschtleche nët tëscht Zölibat a Bestietnes
wielen? Mir wäre frou, wann och op eis Menung géif gelauschtert
gin. |