Replik op den Artikel "Keine
Kunst" vum Guy Rewenig am LAND vum 14.3.08
A sengem Artikel am "Land" vum 14.3.08 beklot de Guy Rewenig
sech iwert d'Pläng, d'Stonnen Konschtunterrecht am Lycée weider
ze reduzéieren, fir uschléissend géint de Reliounsunterrecht
am Secondaire ze wiederen a seng scheinbar Onantastbarkeet ze bekloen.
Bei allem Verständnis fir dem Här Rewenig säin Uleies (och
ech denken, datt Konschtunterrecht wichteg ass!) a seng perséinlech
Situatioun (hie schengt offensichtlech ganz schlecht Erfaarunge mat der
Kierch gemaach ze hunn), wëll ech als Reliounsproff kuerz dodrop
reagéieren:
- Den Här Rewenig schengt ee vun deene villen ze sinn, deem net
bewosst ass, datt sech a puncto Reliounsunterrecht an deene leschte
50 Joer villes geännert huet. De Reliounsunterrecht vun haut huet
net als Ziil, d'Schüler ze bekéieren oder ze indoktrinéieren,
mee eng Ausernanersetzung mat verschiddene Sënnentwërf (vum
Chrëschtentum, vun anere Reliounenen, vun anere Weltanschauungen),
fir datt de Schüler sech seng eege Positioun a reliéisen
an an ethesche Froe ka konstruéieren. Dat geet ganz kloer aus
deene verschiddene Richtlinien zum Reliounsunterrecht am Secondaire
ervir. (méi..)
- De Reliounsunterrecht am Secondaire war an deene vergaangene Joren
alles anescht wéi unantastbar: Fir d'éischt gouf d'Stonn
op 1ère ofgeschaft, duerno déi op 2e, an am EST get et
an deene meeschte Filièren schonn ab 10e iwerhaapt kee Wäertunterrecht
méi, woubäi dach kloer dierft sinn, datt de Phénomène
religieux net däerf tabuiséiert ginn, vü datt mer ganz
offensichtlech kenger reliounsloser Zäit entgéint ginn (cf.
Esoterik-Boom, reliéise Fanatismus, z.B. Kreationismus an Amerika,
Islamismus asw.).
- Natierlech ass an der Kierch an der Vergaangenheet Munches schiefgelaf,
an et ass haut och nach net iwerall alles esou wéi et sollt sinn.
Mee an där selwechter Logik misste mer och haut d'Proffe vun deenen
anere Fächer verantwortlech maache fir alles, wat hir Virgänger
an de 50er Jore falsch gemaach hunn. Och do goufen Inhalter vermëttelt
a Methoden ugewandt, déi aus heiteger Siicht verwerflech sinn,
an och haut gët et sécherlech nach schwaarz Schof. Trotzdem
kéim keen op d'Iddi, de Lycée wëllen ofzeschafen.
- Wou stéinge mer haut a Saache Konscht a Musék, wann
et deemols d'Kierch net ginn hätt, déi eng Plattform (wann
net souguer déi wichtegst) war, op där sech d'Konscht an
d'Musék konnten entwéckelen a profiléieren? Grad
d'Christianiséierung huet eis Géigend op kulturellem Plang
e gutt Stéck weiderbruecht.
Eng sachlech an nuancéiert Betruechtung wir also ubruecht. Ech
lueden den Här Rewenig an, mat mir an d'Gespréich ze kommen!
17. März 2008
Thierry Origer

|