“Wir sind gekommen,
um Ihn anzubeten“

(Mt 2,2)

Köln ass zënter 1164 stolz drop, d’Reliquien vun den Hellegen Dräi Kinniken am Doum ze versuergen. Zënterhier ass de Kölner Doum Zil vu Pilger aus der ganzer Welt. Wien wonnert et, dass fir den éischte Weltjugenddag deen an Däitschland stattfanne soll, eebe grad Köln erausgewielt ginn ass?

Wourëm geet et ?
Zënter 20 Joër invitéiert de Poopst déi Jonk a régelméissegen Ofstänn op d'Journée Mondiale de la Jeunesse (JMJ). Déi läscht Treffen, un deene méi e grousse Grupp vu Lëtzebuerg deelgeholl huet, waren zu Paräis (1997), Roum (2000) an Toronto (2002). Vum 16. bis den 21. August 2005 soll dat nächst zu Köln stattfannen: grouss Manifestatiounen (Ouverture, Kräizwee, Veillée an Ofschlossmass mam Poopst ënnert fräiem Himmel), Katechesen an Aktivitéiten am Kader vum sougenannten „Festival de la Jeunesse“ sin hei d’Schwéierpunkten. Als Préparatioun heirop fannen d’“journées en diocèse“ vum 10. bis de 15. August 2005 statt an den Diözese vun deem Land wou d'JMJ stattfënnt. Do hun déi Jonk Geleeënheet, fir an de Gaaschtfamiljen a -paren d'Liewen vun der Kierch an d'Land besser kennenzeléieren. Am Kader vun Euregio ass Lëtzebuerg 2005 och Gaaschtdiözes.

De Logo vun de WJT2005 zu Köln
symboliséiert déi dynamesch Konzeptioun an de Charakter vun deem nächsten Weltjugendag:
D’Kräiz steet fir Christus; d’Begéinung mat dem Gekräizegten an Operstanenen steet am Mëttelpunkt vum Weltjugenddag. Et ass roud wéi déi zwee Kierchtierm, déi den Kölner Doum symboliséieren oder soss eng Kierch oder d’Kierch iwerhaapt. Christus an d’Kierch gehéieren ontrennbar zueneen.
De Stär steet fir de gëttleche Weeweiser, deem déi Dräi Kinnéken op Bethlehem nogaange sin. Hien wëllt d’Jugend vun der ganzer Welt zu enger Begéinung mat Christus (op Köln) féieren.
Den „C“, lénkerhand, steet fir „Christus“ oder fir „Communio“ – Gemeinschaft.
Déi zwee Tierm rouen op engem bloe Bou, deen un de Rhäin erënnert, oder un e Schëff, ganz einfach och un d’Waasser vun eiser Daf.

WELTJUGENDTAGS-GEBET

Herr Jesus Christus,
Erlöser der Welt,
Du bist Mensch geworden,
um uns das Leben in Fülle zu schenken.
Du bleibst in Deiner Kirche bei uns
bis zum Ende der Zeit.
Dann wird sich Dein Reich vollenden:
der neue Himmel und die neue Erde
voller Liebe, Gerechtigkeit und Frieden.
Darauf hoffen wir, darauf bauen wir,
dafür danken wir Dir.

Wir bitten Dich:
segne die jungen Menschen auf der ganzen Welt.
Zeige Dich denen, die auf der Suche nach Dir sind.
Rüttle die auf, die nicht an Dich glauben.
Stärke den Glauben derer, die sich zu Dir bekennen.
Lass sie wie die Drei Weisen aus dem Morgenland
immer neu aufbrechen zu Dir.
Mache sie zu Baumeistern einer neuen Zivilisation
der Liebe und zu Zeuginnen und Zeugen
der Hoffnung für die ganze Welt.
Sei auch durch sie nah all denen,
die Hunger, Krieg und Gewalt erleiden.

Erfülle mit Deinem Heiligen Geist alle, die an der
Vorbereitung des Weltjugendtags 2005 mitwirken.
Lass sie sich mit der Kraft ihres Glaubens
und ihrer Liebe in den Dienst Deines Reiches stellen
und ihre Schwestern und Brüder aus der ganzen Welt
mit offenem Herzen empfangen.

Du hast uns Maria zur Mutter gegeben.
Auf ihre Fürsprache lass den Weltjugendtag
zu einem Fest des Glaubens werden.
Schenk in diesen Tagen Deiner Kirche neue Kraft,
damit sie der Welt glaubwürdig Zeugnis ablegt für Dich.

Darum bitten wir Dich, unseren Herrn und Gott,
der Du mit dem Vater und dem Hl. Geist lebst
und herrschst in alle Ewigkeit.
Amen.

Patrick Muller

vergläich och mat: www.jugendpastoral.org/ an www.wjt2005.de/